Véier Méint méi spéit …

Eigentlech war se fir den Ufank Juli geplangt an no iwwer véier Méint gouf se ofgehalen: d’Generalversammlung vum Judo-Club. Am Kummelsbau waren d’Plaze limitéiert an d’hygienesch Virschrëften hu missten agehale ginn. Deementspriechend och kuerz huet d’Generalversammlung gedauert.

No der Begréissung vum President Sören Schüller (de Veräin zielt iwwregens genau 100 Memberen) huet de Sekretär Gilbert Zuné den Aktivitéitsbericht 2019/2020 an de Programm 2020/2021 virgedroen. Virum “Season Opening” mat Body-Kicker am September huet sech de Veräin um Summermaart bedeelegt. Den Héichpunkt war am Oktober mat der Organisatioun vum “Championnat TC”, Ekippe-Championnat an den Elite-Championnat vun den U18 an U21 hei zu Beefort. D’Joer 2019 gouf mat enger Chrëschtfeier a Dojo ofgeschloss wärend déi éischt Aktivitéit 2020 d’Deelhuelen un der Dikricher Kavalkad war. Éier den Training an d’Aktivitéite bis Mëtt Juni gezwongenermoossen hu misse gestoppt gi gouf nach een Kids-Camp an den Thé dansant organiséiert.  

Des Weideren hunn de Jerôme Michels, Daniel Reckinger an de Laurent Bangnowski un Trainerformatioune bedeelegt an de Veräin war um Duerfliewe an Aktivitéite vun der Federatioun vertrueden. Eng nei Trainingsstruktur mam neien Trainerstaff gouf am September opgebaut. Nei dobäi ass de Self-defence. De Veräin huet nach ee Grill an zwee Frigoe vun der “Amicale”, déi an der Tëschenzäit opgeléist ass, ofkaaft.

An der “Paus” sinn ënner anerem folgend Aktivitéiten ausgefall: den éischten Europadag zu Beefort, Virowend vum Nationalfeierdag, Grill bei der Randonnée Mëllerdall, Träipenowend, Organisatioun vun ee bis zwee Championnater, Vakanzenaktivitéiten am Summer an de “Saison Opening”.

Trotz dem Ausfall vun enger Rëtsch Aktivitéite konnt sech d’finanziell Situatioun vum Veräin laut dem Keessjee Marc Reckinger verbesseren. Op Virschlag vun de Revisoren gouf dëse Bericht ugeholl an uschléissend krut de Comité vun der Versammlung Entlaaschtung.

Den Thomas Fellerich ass elo zanter dëser Generalversammlung neie Member am Comité, dee siwe Sëtzungen hat, an dee setzt sech lo zesummen aus: Sören Schüller (President), Jean-Pierre Weber a Marc Reckinger (Vizepresidenten), Gilbert Zuné (Sekretär), Marc Reckinger (Tresorier), Andy Bissen, Camille Hoffmann, Claude Siebenbour, Gilles Sauber, Jerôme Michels, Laurent Bangnowski an Tun Nadalini. Éierepresident ass den Hervé Farinon an de Bert Donkels Éieremember. Keesserevisore sinn d’Margreet Schmit a Mariette Weber.

Éierungen a Präisiwwerreechunge sinn op 2021 verluecht.