Ouverture vun der Schwämm den 1. Juli

Als éischt Associatioun nom nationalen Noutstand huet de Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme (SITB) op seng Generalversammlung agelueden. Ursprénglech war d’Generalversammlung de 17. Mäerz virgesinn a wéinst der deemoleger Situatioun gouf se ofgesot a si gouf gëschter Owend nogeholl. Fir de Sécherheetsofstand kënnen anzehalen huet d’Generalversammlung op der Äispiste stattfonnt.

D’Schwämm geet den 1. Juli op an et musse strikt Reegelen agehale ginn. Et däerfen héchstens 200 Leit eran a Kanner ënner 14 Joer musse a Begleedung vun enger groussjäreger Persoun sinn. D’Distanz vun den zwee Meter muss agehale ginn. D’Rutschban, d’Sprangbléck an d’Vestiaire bleiwen zou. D’Schwämm ass op vun 10 bis 14 Auer a vu 15 bis 19 Auer. An der Stonn vu 14 bis 15 Auer gëtt gebotzt an desinfizéiert. Den Eenheetspräis beleeft sech op fënnef Euro a wann ee bis eng Kéier erausgeet, da kënnt een net méi eran.  

Am leschte Joer ass de Virstand siwemol an d’Exekutiv 16 mol zesummekomm. Des Weidere war de SITB op de lokalen, regionalen an nationale Generalversammlunge vun de Syndicat d’initiative vertrueden an huet sech un eng Rei Workshopen, Seminaren a Konferenze bedeelegt. Organiséiert goufen ënner anerem d’Grouss Botz, de Blummemaart, d’Tipifest, de Summermaart an de Kiermesmaart. Fir d’Schwämm an de Camping a gutt Liicht ze setze gouf ee Fotoshooting gemeet. Wéi déi Jore virdru goufen och dës Kéier rëm Schlittschongcoursen an eng Ice-Skating-Show mam Veräin aus Metz organiséiert. Een Héichpunkt war d’Visite vum Minister Lex Delles den 31. Januar 2020.

De Syndicat huet an Zesummenaarbecht mat enger Agence sech een neie “Corporate Design” ginn. De Camping heescht elo “Camping Park”, d’Äispiste “Ice Park” an d’Schwämm “Aqua Park”. Eng nei Homepage fir d’Äispiste an d’Präsens op an de soziale Medien begleeden den neien Optrëtt no baussen.

2019 gouf och an d’Schwämm investéiert: neie Seegelen iwwert dem Kannerbaseng, neien Drot laanscht d’Wiss ëm de Baseng, nei Beplanzungen, Edelstolstange mat Seeler fir ee säitlecht Sprangen an de Baseng ze vermeiden, Gol fir de Waasserball, Trennseel tëschen dem Schwamm- an Netschwammberäich, Sprangbléck a Wärmepompele fir d’Schwämm ze hëtzen.

Um Camping louch de Schwéierpunkt vun den Investitiounen an der kompletter Bannerenovéierung vun den dräi Wanderhütten, d’Demolitioun a Bau vum neie Sanitärblock Nummer 2, nei Ariichtung am Büro a Receptioun, nei Vëlosstänner aus “Holz vun hei” an op der Äispiste goufen d’Tribünen an den Daachuschloss nei gemeet, eng nei Baussebeliichtung an och nei Schlittschong kaaft.

An de Méint Juli an August gouf eng Ëmfro ënnert de Gäscht gemeet. Am Groussen a Ganze waren d’Gäscht relativ zefridden ausser bei der vum ORT organiséierter Animatioun a Propretéit an de relativ al sanitär Gebaier.

Zu de Statistiken: 7001 Gäscht huet de Camping empfaangen, 170 Veloen (siwe manner ewéi 2018) goufe verlount (Rent a bike), 21.259 Entréeë goufen an der Schwämm gezielt (plus 0,6 Prozent), 6.102 Visiteuren am Tourist Info (plus 2,2 Prozent), 26.630 Entreeën op der Äispiste (plus 5,7 Prozent), 147 Stonnen Ice-Karting (plus 16,2 Prozent).

Dës Statistike spigele sech bei de Finanzen erëm. D’Schwämm mécht 2019 eng Perte vun 21.547,18 Euro, d’Äispiste eng Perte vu 7.846,58 Euro (de klengste Perte iwwregens), de Camping mécht ee Boni vun 180.507,64 Euro an alles zesummegerechent a mat den Ausgabe vun der Administration générale an Héicht vun 51.067,04 Euro bleift ënnert dem Stréch ee Benefice vun 100.046,84 Euro.

Et gëtt gehofft, datt de Projet “Patinoire Beaufort 6919” fir d’Ouverture vun der neier Saison vun der Äispiste den 30. Oktober opgeet. Den Neibau mat Raimlechkeete fir d’”Beaufort Knights” um éischte Stack an um Rez-de-chaussée de Sanitärblock 4, Vestiaire fir den Ice-Karting a Vestiaire fir Gruppen a Schoulklassen ass an der Tëschenzäit méi deier ginn an déi viraussiichtlech Gesamtkäschte belafe sech op 2,2 Milliounen Euro. No der Aweiung virun néng Joer gëtt den Zeltdaach fir déi éischte Kéier grouss gebotzt an dat wäert eng 19.000 Euro kaschten. 30.000 Euro ginn an den Ëmbau vun der Keess mat Ariichtung vun engem Éischt-Hëllef-Raum investéiert.

Soubal den Neibau op der Äispiste fäerdeg ass, dat geet et weider mam Bau vum neie Sanitärblock 2 mat véier Gäschtezëmmer an kascht ronn annerhallef Millioun Euro. Weider Investitioune um Camping sinn eng nei Barrière, Neiuplanzung vun Hecken a Beem, Erneierung vun de Stroumkëschten (alles fir ongeféier 30.000 Euro) an neien Ënnerdaach mat Kanaluschloss fir ronn 100.000 Euro.

Den Digitaliséierungsprozess geet weider an dat mat engem Online-Reservatiounssystem fir de Camping, Wifi um Camping, nei Computeren a Server fir de Büro an Online-Ticket-Service fir d’Schwämm an Äispiste. Des Weidere wëll een nach zwee E-Bikes kafen.

Am Laf vun der Generalversammlung goufen nach e puer Leit geéiert: Antoinette Freilinger, Jacqueline Kuijpers-Fisch, den Nikolaus Lichter (Pensioun), Françoise Bonert an de Jos. Nerancic. Uganks huet et geheescht, datt keng Animatioun um Camping organiséiert gëtt mais dat huet an der Tëschenzäit geännert. Soss sinn eng traditionell Aktivitéiten ofgesot ewéi zum Beispill d’Indianerfest am Tipiduerf an de Summermaart am August. D’Schwämm geet den 1. Juli op a geplangt ass de leschten Dag vun der Schwämm, den 13. September, een “Hundebadetag”. D’offiziell Aweiung vum Ice Park ass lo mol den 30. Oktober an den Dag drop, den 31. Oktober, d’Ouverture vun der Äispiste mat Halloween on Ice mais dat ass nach alles provisoresch.

Zum Schluss ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann op d’Fuerderung vun den Aarbechtsplazen am Tourismus a besonnesch zu Beefort agaangen an huet dem Äishockeyclub Merci gesot fir dat positiivt Bild vu Beefort am ganze Land. Zum Schluss huet hien dat strikt Anhale vun de Mesuren an der Schwämm ënnerstrach fir ze vermeiden, datt sech d’Beeforter Schwämm zu engem Covid-19-Hotspot entwéckelt.

No der Demissioun vum Jacqueline Kuijpers-Fisch am Comité vum SITB ass den Thomas Fellerich eestëmmeg an de Comité gewielt ginn an d’Carole Schaffner-Bintener, dat am Laf vum Joer kooptéiert gouf, am Comité bestätegt. De Comité setzt sech zesummen aus Françoise Bonert (Presidentin a Sekretärin), Camille Hoffmann (Trésorier), John Stirn (Délégéierte vun der Gemeng), Carole Schaffner-Bintener, Jos Scholtes, Jean-Paul Post, René Champagne, Nancy Dupont-Courtois, Alphons Haaker an Emile Wies (Memberen).