Minister Lex Delles op der Äispist

Déi eelst Äispist aus dem Land hat e Freideg Besuch vum Minister Lex Delles. De Lex Delles ass Minister fir Tourismus an och vun de Classes moyennes. Bei senger Arrivée zu Beefort gouf hie vun der Presidentin vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme Françoise Bonert mat de Comitésmemberen an der Ekipp vum SITB empfaangen. Dobäi waren och ënner anerem Vertrieder vum Beeforter Schäffen- a Gemengerot, dem Äishockeyveräin, den éischten Äismeeschter vu Lëtzebuerg, de Charles Lenz, an d’Sandra Bertholet vum ORT Mëllerdall.

Eng Äispist ass fir de Minister keng onbekannte Plaz. De Munnerefer war fréier reegelméisseg zu Réimech op der Äispist an zu Beefort krut hien Abléck vum Fonctionnement vun der Äispist. Dat huet bei der Locatioun vun de Schlittschung ugefaangen, wéi se geschlaff ginn, d’Killanlag vun der Äispiste, den Zeltdaach bis bei d’Buvette, déi fir dat véiert Drëttel no den Äishockeymätscher bekannt ass.

Des Weideren huet hie sech ganz staark un den Neibau vun de Vestiairen interesséiert. Souwuel den Tourismusministère an de Sportsministère ënnerstëtze mat Subsiden dëse Projet, deen eigentlech fir dës Wantersaison hätt solle fäerdeg sinn. Een nostalgesche Moment gouf et bei der Inspektioun vun der éischter Äismaschinn, déi deemols an Eegeregie vum Charles Lenz opgebaut gouf.

Zu den Haaptattraktioune vun der Beeforter Äispist zielt den Icekarting. No enger Rëtsch Erklärungen huet hie sech selwer hannert d’Steierrad vu sou engem Icekart gesat an ass zesumme mat aner Invitéeën iwwert d’Äis geflitzt. No dësem méi sportlechen Deel hu sech alleguer am Atelier erëmfonnt a bei enger klenger Stäerkung an engem Pättche gouf sech no dësem killen Ausfluch gewiermt.

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.