Erënnerung un de 16. Dezember 1944

De Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale huet fir déi 26. Kéier un d’Rundstedoffensiv, déi de 16. Dezember 1944 ugefaangen huet, erënnert. De Rendezvous war de leschte Samschdeg ëm 9 Auer bei der Kierch zu Beefort. No enger kuerzer Usprooch vum Buergermeeschter Camille Hoffmann goufe Blumme néiergeluecht an zwar bei der Tafel vun de GI un der Kierchemauer a beim Monument aux Morts. Bei dëse Geleeënheeten huet de Edmond Faber “The Last Post – The Star Spangled Banner”, d’Heemecht a “Stille Nacht” gespillt.

Uschléissend gouf eng Mass vum Paschtouer Carlo Morbach fir all Verstuerwen aus der Gemeng Beefort a fir all gefalen Amerikaner, déi hiert d’Liewe fir eis Fräiheet ginn hunn, zelebréiert. Musikalesch gestallt gouf d’Mass duerch d’Chorale Sainte Cécile.

Beim Kummelsbau goufe bei de Kräizer déi nächst Blummen néiergeluecht. Leider gouf et hei een Akt vu Vandalismus ze verzeechnen. Onbekannter hu während de Gedenkzeremonie bei an an der Kierch de Mast mam amerikanesche Fändel einfach ëmgeworf an de Fändel matgoe gelooss. Nom vun der Gemeng offréierte Éierewäin goufe Blumme bei der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg néiergeluecht.

Ee Mëttegiessen huet dës Feierlechkeeten ofgeschloss an am Géigesaz zu de Jore virdru war dës Kéier kee Vertrieder vun der amerikanescher Ambassade vertrueden.