Lichtmolereien an der Buerg

Nom Workshop mam chinesesche Starfotograf Sails Chong um Beeforter Schlass gouf de leschte Samschdegowend rëm mat Liicht gemoolt. Sou wéi d’lescht Joer huet de Fotograf a Lightpainter Olaf Schieche mam Tabea ee Cours am Lightpainting ginn. Eng Dose Fotografen aus Däitschland, der Belsch an natierlech Lëtzebuerg hu sech bei dësem Workshop afonnt. Beim Ofschloss vum Cours, dee bis bal eng Auer nuets gaangen ass, konnte si eemoleg Lichtmolereien an hirem Fotoapparat erëm fannen.

Virun enger Woch beim “Trierenberg Super Circuit” zu Linz an Éisterräich konnt den Olaf Schieche eng Goldmedail an der Kategorie “Night Images / Painted with Light” gewannen. Den “Trierenberg Super Circuit” ass de weltgréisste Fotokonschtconcours.

Obwuel et praktesch de ganzen Dag gereent huet goung owes d’Luucht kuerz op an et konnt een eng Rei Fotoe dobausse maachen. Allerdéngs huet dës Wieder net allzelaang ugehalen an de Reen huet ee Stréch duerch de Programm gemeet. Am Virfeld huet een iwwert Alternativen iwwerluecht an esou ass den dréchenen Deel an der Brennerei iwwert d’Bühn gaangen.

E puer Andréck vum Weekend:

Default Gallery Type Template

This is the default gallery type template, located in:
/home/www/web3761/web3761u1/html/wp-content/plugins/nextgen-gallery/products/photocrati_nextgen/modules/nextgen_gallery_display/templates/index.php.

If you're seeing this, it's because the gallery type you selected has not provided a template of it's own.