Zweete russesch-lëtzebuergesche Festival

No der Première d’lescht Joer ass dës Kéier de russesch-lëtzebuergesche Festival iwwer dräi Deeg iwwert d’Bühn gaangen an och bei dëser zweeter Editioun waren d’Haaptaktivitéiten um Schlass.

Agelaut gouf de Festival Freidesowes mat engem Concert an der Beeforter Kierch mat véier verschidden Deeler. Hei konnt ee sech iwwerzeege firwat ë.a. déi jonk an talentéierst Musikerinne Valeriia Abramova (Violon), Sofia Menshikova (Piano) a Victoria Zyablitskaya (Soprano) eng Rei international Concourse gewonnen hunn. Den André Mergenthaler huet mat sengem Programm “Lux Aeterna” de Schlusspunkt vum éischten Owend gesat.

Sibirien war dës Kéier d’Aushängeschëld vum Festival an esou si Gruppen aus Krasnojarsk an aus der Republik Tuwa opgetrueden. Tuwa ass eng zur Russesch Federatioun gehéierend autonom Republik am südlechen Deel vu Sibirien a grenzt un der Mongolei. Iwwer 7.000 Kilometer si se mam Bus op Beefort komm a si hu mat hire verschiddenen Optrëtter d’Leit an enger Welt entfouert.  

Während zwee Deeg huet déi russesch Communautéit aus Lëtzebuerg an och aus der Grenzregioun hir theatralesch a musikalesch Kënne presentéiert. Begleet goufen d’Aktivitéite mat e puer Ausstellungen an Animatioun fir d’Kanner.

De lëtzebuerger Programm koum net ze kuerz. So huet déi Beeforter Kulturkommissioun den Optrëtt vum Al Ginter, Steffi Schlink, Carlo Hartmann a Yannchen Hoffmann organiséiert. Déi véier Acteure hunn “De Scholdschäin” mat Text a Musek vum Dicks opgefouert während “Mëllerdaller Sound Devils” fir musikalesch Ënnerhalung gesuergt hunn.

Eng Fotosgalerie vun den eenzelnen Optrëtter: