Eng Première fir Beefort

Eigentlech ass eng Première bei engem Theaterveräin näischt aussergewéinleches mais gëschter Owend op der Generalversammlung vun den Theaterfrënn Beefort war et awer eng ganz speziell Première. Vu que datt zwee Comitésmemberen an een Theaterspiller zur Zäit a Sardinien an Italien sëtzen, gouf d’Generalversammlung iwwer Internet live iwwerdroen an esou konnten déi dräi Leit un der Generalversammlung deelhuelen.

Den Héichpunkt vun der Saison waren d’Theateropféierungen a wärend fënnef Owender am Mäerz hunn d’Theaterfrënn Beefort d’Stéck “Den Idiotendinner” gespillt. Dëst Theaterstéck an zwee Akten vum Francis Veber gouf vum Guy Voncken a Renée Schill op lëtzebuergesch verfaasst. 32 Prouwe ware bis déi éischt Virstellung néideg. Beim leschten Optrëtt gouf ee Broutteller ugebueden an dës Formule ass bei de Leit ganz gutt ukomm. Fir dat nächst Joer (dräi Virstellungen op engem Weekend) ass beim leschten Optrëtt rëm dat nämmlecht virgesinn. Am Ganze si 480 Leit d’Stéck kucke komm.

Nieft den Theaterowenter goufen nach zwou weider Aktivitéiten ënnerholl: eng Kéier ee Keelenowend mat Iessen an ee Kinosowend, wou d’Stéck vum leschte Joer “Neuroseg Zäiten am CNPB” gewise gouf.

Duerch de grousse Succès vun den Theaterowenter konnt d’Keess mat engem Boni ofgeschloss ginn. Wéi schonns erwäänt wäerten d’Theaterowend d’nächst Joer op engem Weekend stattfannen an d’Theaterfrënn plangen ausserdeem zesummen an de Wantersport ze fueren.

Am Comité gouf et keng Ännerungen ze vermellen an de Veräin, deen 23 Memberen zielt, gëtt geleet vun Patrick Goetzinger (President), Manuela Kirscht (Sekretärin), Claudine Gremling (Caissière), Léonie Switala-Theis, Dario Ballanti, Laurent Pelletier, Sonja Goetzinger a Ben Wagner.