Äre Projet (m)am Naturpark

*** Verlängerung bis de 24. Mee ***

Bis zum 24. Mee huet een nach Zäit säi Projet zum Thema “Nohaltegkeet” anzereechen. Matmaache ka jiddereen, deen an engem vun den dräi Naturparken (Uewersauer, Our, Mëllerdall) wunnt. Gewanne kann een eng finanziell Ënnerstëtzung tëschen 1.500 a 6.000 Euro fir d’Ëmsetzung vum Projet. Weider Informatiounen ginn et op der Affiche ënnendrënner an um Site vum Naturpark Mëllerdall.