Een Tour ronderëm d’Welt

Ënnert den iwwer 35.000 Visiteuren beim “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté”, dem “Salon du livre et des cultures” an “ARTSmanif – rencontres des cultures et des arts contemporains” de leschte Weekend an der Luxexpo um Kierchbierg waren och 32 Beeforter. Si si mam Bus dohinner gefuer an den Tour gouf vun der berodender Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort organiséiert. Am Bus waren nieft Beeforter och Fraen, déi wéinst Krich a Gewalt hiert Heemechtsland hu misste verloossen.

Gastronomie, Musek, Ausstellungen, Virträg, Konscht a Literatur sinn nëmmen e puer Themen erausgepickt, déi ugebuede goufen an alleng beim “Festival des migrations, des cultures et de la citoyenneté” waren eng 400 Stänn a beim Bicher- a Kultursalon eng 150 Exposanten vertrueden. Während e puer Stonnen an de Foireshale konnt jidderee säin eegenen Tour ronderëm d’Welt maachen a schmaachen.