13. “Randonnée Müllerthal” den 13. Oktober

De leschte Freidegowend huet an der Jugendherberge “Rando & Co Mëllerdall VoG” seng Generalversammlung ofgehalen. De “Rando & Co Mëllerdall VoG” huet eigentlech eng grouss Aktivitéit d’Joer an zwar d’Organisatioun vun der “Randonnée Müllerthal”.

D’lescht Joer am Oktober hu sech 630 Leit un der Randonnée bedeelegt. Dovunner waren der 493 mam Mountainbike, 119 Wanderer an 18 Kanner um Kidstour ënnerwee. Des Weidere weisen d’Zuelen, datt dës Manifestatioun och am Ausland gutt ukënnt obwuel 61 Prozent vun de Participante aus Lëtzebuerg sinn. Sou koume 16 Prozent aus Däitschland, 15 Prozent aus Frankräich, sechs Prozent aus der Belsch an zwee Prozent aus Holland. Ervirzesträichen ass, datt de Rendezvous zesumme mat der Porte ouverte vun der Jugendherberge gefall war an doduercher eng nach méi besser Ambiance ënnert de Fräizäitsportler.

An dem Zesummenhang gouf all deene Merci gesot, déi zum Succès bäigedroen hunn an dozou zielen d’Jugendherberge, d’Gemeng, d’Forstverwaltung, de Syndicat d’initiative et de tourisme, Sponsoren an natierlech d’Fräiwëlleger. Den Erfolleg huet sech och an der Keess rëmgespigelt, déi positiv ofschléisse konnt. Den Datum vun der nächster Randonnée steet och schonns fest: den 13. Oktober. Am Géigesaz zu den zwou leschte Kéiere sinn dës Kéier keng Walen an esou erhofft ee sech nach méi Leit bei der Randonnée. De nämmlechten Dag ass och d’Porte ouverte vun der Jugendherberge.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem Veräin Merci gesot fir d’geleeschten Aarbecht an an deem Zesummenhang huet hien d’Efforte vun der Gemeng a punkto Mobilitéit erwäänt. Sou zum Beispill schafft een zesumme mat der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ un engem gemeinsamen Konzept, d’Gemeng huet zwee E-Bike kaaft an et gouf un d’Vëlosstatioun beim Syndicat erënnert.

De Comité vu “Rando & Co Mëllerdall VoG” setzt sech zesummen aus Edith Bergman, Félicie Stangé, Renate Vrolijk, Henriette Groeneveld, Carlo Houdremont, Marc Reckinger an Alphons Haaker. Keesserevisore si Marian ter Heegde a Roger Klein.