D’Victory Riders Luxembourg VMC spenden 1.551,05 Euro

E Freidegowend hunn d’Victory Riders Luxembourg VMC, déi hire Sëtz hei zu Beefort hunn, ee Scheck an Héicht vun 1.551,05 Euro un d’Fondation Autisme Luxembourg iwwerreecht. D’Victory Riders Luxembourg VMC hunn d’ganz lescht Joer bei hire verschidde Aktivitéite Sue fir d’Fondatioun gesammelt. Zu den Aktivitéiten zielen ënner anerem d’Äiswaassergrillen, den HardBall (gréisst Motorradtreffen an der Groussregioun vum Typ Victory an Indian) an de  Summermaart. Privat Donen sinn am Betrag mat dran, dee fir déi extra-scolaire Aktivitéite vum Centre de Jour zu Rammerech bestëmmt ass.      

De Patrick Simon, zoustänneg fir d’Kommunikatioun a Relations publiques bei der Fondatioun, huet de Scheck vum Fränz Hauschild, President vun de Victory Riders Luxembourg VMC, entgéintgeholl an d’Aktivitéite vun der Fondatioun an de Centre de Jour vu Rammerech virgestallt.

D’Scheckiwwerreechung huet am Sëtzungssall vun der Gemeng a Präsenz vum Buergermeeschter Camille Hoffmann stattfonnt an den Termin vum nächsten HardBall steet och fest: den 2. an 3. August 2019 zu Beefort.