Beaufort Knights gewannen 5:0 géint Hyc Comebackteam

Mat enger 5:0-Victoire géint Hyc Comebackteam sinn d’Beaufort Knights an déi nei Saison gestart. Nieft engem neien Numm fir d’Ekippen, neie Logo huet de Beeforter Äishockeyclub an der Persoun vum John Bierchen och een neien Trainer, dee sech vun de Nowuessspiller bis d’éischt Ekipp këmmert. Eigentlech hätten d’Beeforter déi lescht Woch hiren éischte Mätsch gehat mais dee Mätsch Coldplay Sharks zu Mechelen gouf op den 23. Mäerz 2019 verluecht.  

Virun 102 Zuschauer huet sech d’Lokalekipp schwéier gedoe fir an de Mätsch ze kommen. Et huet ee gutt gemierkt, datt d’Automatismen nach net sou richteg klappen. Grouss Chance goufen et keng am éischten Drëttel a sou ass ee mat engem logeschen 0:0 an d’Paus gaangen.

Mat enger anerer Astellung a vill méi Asaz sinn d’Beaufort Knights am zweeten Drëttel op d’Äis komm. An der 21 Minutt a 46 Sekonnen huet et fir d’éischte Kéier am Goal vun de Gäscht gerabbelt. De Kapitän Claude Mossong huet den 1-0 markéiert an den Assist koum vum Eric Wambach a Kevin Grönlund. 21 Sekonne méi spéit huet den Eric Wambach de Claude Mossong fir den 2-0 rëm an d’Szen gesat. Duerch ee Powerplay-Goal vum Claude Mossong (Assist Eric Wambach an Brian Schleimer) stoung et 3-0 fir d’Beeforter (25:52). A gutt véier Minutten huet de Claude Mossong dräi Goaler geschoss an all Kéiers koum déi lescht Pass vum Eric Wambach. Et geet awer och aneschtes. An Ënnerzuel huet de Chris Meyers op Assist vum Bob Linster de 4-0 geschoss (35:44). Mat ee bësse méi Chance wier et mat engem 5-0 an déi zweet Paus gaangen. Allerdéngs huet de Goal net gezielt well d’Spill ëm eng Sekonn eriwwer war. D’Aggressivitéit am zweeten Drëttel ass an der Statistik vermierkt. Béid Ekippen haten jeeweils zéng Strofminutten.

Dat lescht Drëttel koumen déi spilleresch Elementer zum Virschäin an et ass nëmmen ee Goal gefall. An der 50. Minutt huet de Bob Linster op Assist vum Miro Mosr a Cédric Farinon op 5-0 erhéicht a bei deem Resultat ass et och bliwwen.

Den nächste Samschdeg spillen d’Beeforter Knights auswäerts géint Charleroi Red Roosters an den nächsten Heemmätsch ass e Samschdeg, de 24. November, géint Antwerp Phantoms. An der Chrëschtvakanz spillen d’Beeforter dräi Heemmätscher hannerteneen (22. an 29. Dezember a 5. Januar).