Nationale Sängerdag a Lëtzebuerger Lidderfouer

Gëschter hunn d’Union Grand-Duc Adolphe (UGDA), d’Union St Pie X (Piusverband) an d’INECC (Institut Européen de Chant Choral” den nationale Sängerdag an déi véiert Editioun vun der Lëtzebuerger Lidderfouer organiséiert. Ofgespillt huet sech dat Ganzt an den Häff vun de Beeforter Schlässer an et goufen dräi Bühnen opgeriicht.

Den Dag huet mat enger Mass am Haff vum Schlass ugefaangen an op dëser Bühn sinn nach de ganzen Dag opgetrueden: “Crush?!”, “Duelemer Kiischtebléien / Chorale Mixte Dalheim”, “Société Chorale Grand-Ducale Dommeldange” zesumme mat der “Chorale La Fraternelle Luxembourg-Grund” an zum Schluss “Sängerbond Helvetia Tandel”. An de Ruinen hu gespillt: “Chorale Municipale Ons Hémecht Pétange”, “Singing Ladies / Chorale Princesse MarieAstrid Monnerech”, “Gesangveräin Emile Michels – D’Grënnesch Spatzen”, “Choeur Out of Office”, “Dupont Werkschor Carpe Diem”, “Lidderuucht Lëtzebuerg” an den “Hoquetus Ensemble”. Ënnen an der Entrée vum Schlass konnt een de folgende Museksformatiounen nolauschteren: “Dupont Werkschor Carpe Diem”, “Chorale Ste Cécile Steebrécken-Biergem”, “Chorale Minettsrousen Schifflange”, “Chorale Lidderfrënn Monnerech” an de “Réiserbänner Wisepiipserten”.

Op der véierte Lidderfouer war et méiglech de Lëtzebuerger Musekspatrimoine ze entdecken an op der Plaz waren eng Ausstellung vun Lëtzebuerger Editiounen, Federatiounen, Sammler, Archiven, asw.: Actioun Lëtzebuergesch, CNA, INECC Luxembourg, Lëtzebuerger, Lidderarchiv  Jean  Kandel, Luxemburg  entspannt  Productions, Luxembourg Music Publishers, MUSEP, Performers.lu, Radio 100,7, SACEM, Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an Union St Pie X (Piusverband).

Des Weidere goufen Ateliere “Wéi schreiwen an éditéieren ech Nouten am 21. Jorhonnert mam Programm Sibelius?” fir Ufänger a Leit mat Erfahrung am Sibelius organiséiert. Si goufe vum Putti Fischer geleet. “Vokalnotatioun am Allgemengen” huet e Virtrag vum Laurent Willkomm geheescht an dëse Virtrag, dee sech net op e speziellen Notatiounsprogram bezitt huet, hat folgend Themen: “Aféierung an d’Spezialitéite vun der Notatioun vu Vokal- a Chouermusek” a “Wat fir Schlëssele gi gebraucht, wéi gëtt den Text bei d’Noute gesat, wéi ass d’Partitur opgedeelt, wéi gesäit d’Transkriptioun vun Aler Musek aus?”

Ofgeschloss gouf den Nationale Sängerdag mam Chouer “Luxembourg Philharmonia” ënnert der Direktioun vum Lynn Mohr. Opgefouert goufe folgend Stécker: “Pietro Mascagni – Cavalleria Rusticana – Ouverture (Orchester)”, “Giuseppe Verdi – Il Trovatore – «Vedi! le fosche notturne spoglie»“, “Giuseppe Verdi – I Lombardi – «O Signore, dal tetto natio»”, “Pietro Mascagni – Cavalleria Rusticana – Intermezzo (Orchester)”, “Pietro Mascagni – Cavalleria Rusticana – «Gli aranci olezzano»” a “Giuseppe Verdi – Nabucco – «Va pensiero»”.

Nieft engem Reportage op RTL sinn hei nach e puer Fotoe vum Dag mam groussen Ofschlossconcert: