Release vum Videoclip “None of the Above” vu “Papa Roach”

Zanter haut Donneschdeg ass en offiziell eraus: de Video “None of the Above” vu “Papa Roach”, deen den 2. Oktober 2017 um Beeforter Schlass gedréint gouf.

Nom Pappendag koum den Dag drop een anere “Papp” op Beefort an zwar “Papa Roach”. Tëschen hirem Optrëtt sonndesowes zu Antwerpen a méindesowes an der Rockhal zu Esch huet déi amerikanesch Metall- a Rockband genuch Zäit ageplangt fir am Virmëtteg an am fréien Nomëtteg den offizielle Videoclip zum Lidd “None of the Above” um Schlass ze dréinen. Geschlof hu si iwweregens ënnerwee am Tourbus.

“Papa Roach” huet iwwer Facebook een Opruff ënnert hire Fans gemeet fir eng Buerg virzeschloen, wou een ee Videoclip kann dréinen. De Mike Simon huet hinne säi Film vun de Beeforter Schlässer, deen hien mat senger Drohn gefilmt huet, virgeschloen an de Site gouf zréckbehalen. Enn August huet sech de Management beim Georges Rischette gemellt. 

A knapps engem Mount gouf dat Ganzt organiséiert. Nieft der Band hunn och eng Rei Dänzer aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun am Videoclip matgemeet. Ënnert der Regie vum Alex Lopes hu si eng Choreographie astudéiert an déi ganz Ekipp vu “Papa Roach” war vun deene professionellen Optrëtter esou begeeschtert, datt si alleguer ageluede waren, déi Choreographie owes während dem Concert virzedroen. Nom Lidd, dat als éischt Zugab op der Setlist stoung, huet de Sänger Jacoby Shaddix dem Publikum erkläert, datt si den Dag ee Video zu Beefort um Schlass gedréint hunn. D’Publikum war méi begeeschtert dat ze héieren.

Fir d’Dänzer koum zum Schluss nach eng Kiischt op de Kuch: Si all hunn dierften an de Backstage goen a mat der Band flott Momenter verbréngen.

Fotoe vum Concert an de Rockhal mat Backstage ginn et um Site jopix.eu an hei ënnendrënner de “making of” um Schlass.