Grouss Botz

De Syndicat d’initiative et du tourisme huet de leschte Samschdeg op d’Grouss Botz invitéiert. De Rendezvous war moies um 9 Auer op der Äispiste an och bei der Kierch zu Déiljen.

No enger klenger Stäerkung mat enger Taass Kaffi ass et lass gaange fir den Dréck ze sammelen, déi vun onverantwortleche Mënschen einfach esou an d’Natur geheit goufen. Zum Schluss vun der Botzaktioun si se alleguer rëm zesummekomm an als Merci gouf et ee Patt an eng Grillwurscht oder Mettwurscht.