13 nei “Kraiderhexen a –meeschter”

An der Maison relais goufen de leschte Samschdeg Zertifikater un 13 nei Kraiderpädagogen iwwerreecht: Josée Apel-Roeder, Sonja Berchem, Danielle Besch, Céline Conter, Viviane Haupert, Danielle Hoffmann, Yolanda Kails, Thorsten Koch, Sandra Leoni, Valdemiro Mendes, Marianne Reimen, Jennifer Richarz an Astrid Weber. Si kruten hir Zertifikater vum Buergermeeschter Camille Hoffmann an der Schäffin Lily Scholtes iwwerreecht.

Mat enger Virstellung vun hiren Examensresultater hunn déi nei Kraiderpädagogen de jéngsten Ausbildungscours vun der Gundermann-Naturerlebnisschule ofgeschloss. Op den jeeweilegen Dëscher hu si gewise wat sech aus heemesch Kraider, Wuerzele, Beem a Straicher alles maache léisst.

Wien sech bewosst erniere wëll, d’Wonner aus der Planzewelt mat alle Sënnen entdecken a virun allem d’Wëssen och un aner Leit vermëttele wëll, dee ka sech an eemol engem lafende Cours an engem gratis Schnuppercours informéieren an zwar no Récksprooch bei Beatrix Siegert (Tel. 0049 2157 128 520) vun der Gundermannschule-Naturschule.

D’Qualifizéierung zertifiéierter Kräuterpädagoge sprécht besonnesch Mënschen un, déi sech an der Regioun a fir d’Natur engagéieren an zwar a Schoulen, Spillschoulen, sozialen Ariichtungen, Tourismus oder Projeten ewéi Streuobstwisen, ausserschoulesch Léierstanduerten, Manufakturen bis hin zu Anlage vu Kraidergäert oder Kräuter-Erlebnis-Läden.

Bei dëser Geleeënheet sief kuerz ernimmt, datt deemnächst hei zu Beefort ee Kraidergaart wäert ageriicht ginn.