Buergbrennen 2018

Eng rëtsch Leit, déi gëschter Owend op der Wiss un der Reisduerferstrooss komm ware fir d’Buergbrennen unzekucken, hunn net schlecht gestaunt, wéi se d’Wierk vun de Pompjeeë gesinn hunn. Et war keen üblecht Kräiz ewéi an de Jore virdru mais eng richteg Buerg mat Tierm an engem Fändel.

Géint 19 Auer gouf d’Buerg ugefaangen a kuerz drop sinn d’Leit och nach mat engem klenge Freedefeier iwwerrascht ginn. Nieft de Pompjeeë waren och d’Elterevereenegung an d’Scoute fir d’Organisatioun verantwortlech.