IHCB gewënnt 8:1 géint Antwerpen

No den zwou Nidderlage géint Herentals a Mechelen konnt den IHCB e Samschdegowend nees e Succès feieren. 8:1 hunn déi Beeforter géint d’Phantoms Antwerp gewonnen. D’Entscheedung vum Match ass an de leschte Minutte vum Mätsch gefall, wéi se et fäerdeg bruecht hunn, fir tëscht der 54. an 58. Minutt direkt véier Mol ze markéieren. Nom éischten Drëttel ware se knapp 1:0 vir an um Schluss vum zweeten Drëttel stoung et 4:1.