IHCB verléiert géint Cold Play Mechelen

29:1, 16:1, 13:3, 10:7 an 22:2. Dat ass d’Bilanz vu Cold Play Mechelen an hiren éischte fënnef Mätscher an deene se 90 Goaler geschoss hunn. Gëschter Owend koum fir si hei zu Beefort nach eng Victoire dobäi. Mat 7:2 hu se de leschte Mätsch vum Joer gewonn.

Ouni Paus geet et fir déi Beeforter den nächste Samschdeg weider. Da kommen d’Phantoms aus Antwerpen op Besuch an den éischte Mätsch géint si huet den IHCB mat 12:3 gewonnen. Theoretesch dierften d’Beeforter mat eng Victoire dat neit Joer ufänken…