6.425 Euro fir 63 Schüler a Studenten

Fir hir gutt Zensuren am leschte Schouljoer resp. datt se den Examen gepackt hunn, krute gëschter Owend 63 Jugendlecher a jonk Erwuessener eng Prime iwwerreecht, déi sech am Ganzen op 6.425 Euro beleeft. Vun den 72 agereechten Demande goufen der 63 zréckbehalen. D’lescht Joer goufen 58 Primen an Héicht vun 5.875 Euro ausbezuelt.

Belount goufe folgend Leeschtungen: aacht Universitéitsdiplomer, 21 Primes d’encouragement (Joresmoyenne tësche 40 a 44 Punkten), 15 Primes de mérite (Joresmoyenne iwwer 45 Punkten), eelef Primes uniques (Première/Treizième mat enger Moyenne ënner 40 Punkten), siwe Primes unique a Primes d’encouragement (Première/Treizième mat enger Joresmoyenne tësche 40 a 44 Punkten an eng Prime unique mat enger Prime de mérite (Première/Treizième mat enger Joresmoyenne iwwer 45 Punkten).