Den Ambassadeur vun der Russescher Federatioun zu Beefort

Gëschter am Virmëtteg huet de Botschafter vun der Russescher Federatioun, de Victor Alexandrovich Sorokin, eng Visite vum Beeforter Renaissance-Schlass gemeet. Begleet hunn den Ambassadeur d’Evgenia Sorokina (Fra vum Victor Alexandrovich Sorokin) an de Vladimir Sokolov (Direkter vum Centre culturel et scientifique de Russie au Luxembourg).

De Georges Rischette, Sekretär vun den Amis des Châteaux de Beaufort, a seng Fra Natascha Ipatova, hunn d’Gäscht duerch d’Renaissance-Schlass guidéiert an déi russesch Delegatioun war zimlech beandrockt vum Wierk, dat 1649 erbaut gouf.

Op der Foto gesäit ee vu lénks no riets: Georges Rischette, Evgenia Sorokina, Victor Alexandrovich Sorokin, Natascha Ipatova, Vladimir Sokolov.