De Kleeschen ass komm

Haut ass de 6. Dezember an d’Primärschoulklassen hunn haut fräi. Vill Kanner hate gëschter Owend virum Schlofegoen de Schung oder de Stiwwel virun d’Dir gesat an der Hoffnung, datt de Moien dee gutt gefëllt wäert sinn a wa méiglech mat engem Cadeau dobäi.

De Kleeschen huet dëser Deeg ee ganz stramme Programm an esou war hie schonns e Méindeg mat senge Gesellen d’Schoulkanner besichen. Den Tour huet moies am Précoce ugefaangen a mëttes kuerz op 14 Auer war dann d’Galavirstellung an der Schoul. Hei hunn déi eenzel Schoulklassen dem Kleeschen hir Dänz a Begleedung vu bekannten internationalen Musekstitelen a mat lëtzebuerger Texter.

De Kleeschen war ganz begeeschtert vun de Virféierunge vun de Kanner an no senger Usprooch huet hien de Kanner ee Cadeau iwwerreecht. Um 16.30 Auer stoung déi lescht Etapp vum Dag um Programm. Dës Kéier waren och d’Elteren a Vertrieder vum Gemengerot dobäi a si ware genau sou wéi de Kleeschen vun den Optrëtter vun de Kanner begeeschtert.

Zum Schluss kruten och déi aner Kanner ee klenge Cadeau vum Kleeschen an dobausse virun der Dir huet d’Elterevereenegung fir eng Stäerkung gesuergt.