“Happy Birthday” bei de Senioren

Am Hotel Meyer hunn d’Beeforter Senioren de leschte Mëttwoch “Happy Birthday” gefeiert. Geéiert goufen d’Membere mat engem ronne Gebuertsdag an dëss Kéier waren dat d’Lou Brandenburger an den Albert Meyers. Si hu 75 Joer gefeiert. Als eelste Member koum nach d’Marguerite Gilson zu Éieren (Joergank 1923).

De Comité vun de Beeforter Senioren: Olly Friedrich (Vizepresidentin), Pierre Mehlen, Lou Brandenburger (Presidentin a Caissière), Léonie Switala, Camille Hoffmann, Liette Riehl (Sekretärin) an Änder Drouet.