“Je le jure”

Gëschter am Nomëtteg gouf am Ministère de l’Intérieur de Schäfferot vum Inneminister Dan Kersch vereedegt. Als éischt koumen d’Buergermeeschteren un d’Rei an nieft Beefort waren dat nach Bartreng, Bech, Bäertref, Bettenduerf, Biwer, Bous, Clierf, Colmar-Bierg, Dikrech, Duelem, Konsdref a Park Housen. Duerno sinn d’Schäffe vereedegt ginn an dat sinn ë.a. Lily Scholtes an Emile Wies. Den Artikel dovunner op wort.lu.

Déi nächst Etapp war dann hei op der Gemeng mat der Vereedegung vum Gemengerot duerch de Buergermeeschter Camille Hoffmann. Bis op Sandra Drouet-Levy, dat aus beruffleche Grënn net konnt do sinn, ware se alleguer ugetrueden: Cindy Pereira, Jean-Luc Nosbusch, Jean-Paul Stirn, Andreza Sanguessuga a Marie-Ange Ivelj-Marson. Nodeems de Camille Hoffmann den Text vun der Vereedegung virgelies huet, hu se alleguer d’riets Hand gehuewen a “Je le jure” gesprach.

D’Sandra Drouet-Levy gëtt virun der nächster Gemengerotssitzung vereedegt.