Hotel Brimer iwwerhëlt “L’Ernz Noire”

De leschten Dënschdeg, den 10. Oktober, gouf den Akt ënnerschriwwen an elo ass et offiziell. Ënnert der Denominatioun “Ernz Noire sàrl” gëtt d’Famill Brimer Propriétaire vum fréieren Hotel-Restaurant um Grondhaff. Laut de Pläng ginn an nächster Zukunft d’Zëmmeren reaménagéiert an am Interesse vum Tourismus an der Petite Suisse Luxembourgeoise ass an deem Gebai d’Formule “Hebergement” virgesinn.