“Hardball Biker Days” – déi Zweet

D’Victory Riders Luxembourg hunn déi zweet Editioun vun den „Hardball Biker Days“ zu Beefort organiséiert. Während dem ganze Weekend wor den Zentrum vu Beefort beim Kiosk fest an der Hand vun de Bikers, déi just op den éischte Bléck ewéi “ganz béis Jongen a Meedercher” ausgesinn mais am Fong geholl si se ganz fei Leit.

Gëschter Samsdeg hunn eng 60 Biker een 160 Kilometer laangen Tour duerch ganz Lëtzebuerg gemeet. Et wor impressionnant ewéi se kuerz op 17 Auer op Beefort zréck komm sinn a vill Leit hu sech déi verschidde Motorrieder ugekuckt, déi zum gréissten Deel nom individuelle Goût ugepasst goufen.

De Musiksowend gouf mat de “Spirit op the Highlands” ageleed an duerno koum d’Grupp “Sinsemilla Drive”. Zum Schluss vun hirem Optrëtt koum de Reen a vill Leit hunn de Site verlooss an esou konnte se nit déi belsch Grupp “Night Fire” gesinn.

De ganze Weekend wor fir Animatioun an Ënnerhalung gesuergt a vill Motorradsfuerer sinn op Beefort komm fir sech de Spektakel unzekucken.