Konveniat vun de Joergäng 1954 bis 1957

Haut Samschdeg hu sech d’Joergäng 1954 bis 1957 vu Beefort Rendezvous gi fir hire véierte Konveniat. Den Treffpunkt war op der Gemeng, wou den Éierewäin offréiert gouf. Virun 12 Joer huet sech dës Joergäng fir d’lescht zesumme gesinn an de Buergermeeschter Camille Hoffmann huet hinnen erkläert, wat zanter dem leschten Treffpunkt an der Gemeng sech alles verännert huet. Um Programm stoungen nach d’Besichtegung vum Schlass an een Owesiessen zu Wallenduerf. 

Organiséiert gouf de Konveniat vum Marlyse Felten, Antoinette Weber, Marianne Erpelding, Ed Dostert an de Misch Mossong.