Konscht am Gronn

D’Kulturkommissioun Beefort war de leschte Sonndeg “Konscht am Gronn” besichen. Am Stater Gronn, op der Uelzecht-Bréck, hu verschidde Kënschtler hier Wierker ausgestallt ewéi zum Beispill Keramik, Biller an Aarbechten am Holz.

Nodeems si dat alles gesinn hunn, ass et mam Lift op de Plateau St. Esprit gaangen an da weider bei d’Gëlle Fra. Do sinn e puer Läit mam City Skyliner gefuer a si hunn dee Super-Panorama-Bléck genoss. Mat sengen 83 Meter ass hien den héchsten mobillen Aussiichtstuerm op der Welt.

Duerno goung de Programm weider mat enger Visite am Naturmusée an der Wallfahrtskiirch am Gronn vun der Schwaarzer Muttergottes. Am Neimënster war bei engem gudde Patt den Ofschloss vun deem schéine Nomëtteg; trotz dem Reen dach e ganz flotten, kulturellen Nomëtteg.