Ausstellung a Gedenkfeier

E Sonndeg, den 9. Juli, gëtt um 17.00 Auer zu Beefort an der Grondhafferstrooss eng Gedenkplack ageweit. 75 Joer duerno soll un den aussergewéinlechen Zivilcourage vun der Bauerefamill Jodocy-Godefroid erënnert ginn, déi während dem Zweete Weltkrich de jiddesche Matbierger Karel Juda während nobäi dräi Joer verstoppt huet.

Eng kleng Zesummefaassung vun dëser Geschicht: 1940 hunn an der Grondhafferstrooss d’Wittfra Clara Juda, gebuere Stern an hire Jong Karel gewunnt. 1936 ware si virum Antisemitismus an Nazidäitschland op Lëtzebuerg geflücht. No der däitscher Invasioun den 10. Mee 1940 sinn och hei zu Lëtzebuerg d’Nürnberger Rassegesetzer lues a lues a Kraaft getrueden. Duerch déi Ëmstänn gouf de Karel Juda an een Aarbechtslager bei Wittlech verschleeft an internéiert. 1941 konnt hien ausbriechen a sech iwwert Emweeër (Düsseldorf a Beefort) bis an d‘Schwäiz duerchschloen, wou hien awer erëm ausgewise gouf. Heemlech ass hien 1942 op Beefort zréckkomm. Hien huet seng Mamm awer net méi erëmgesinn. Nodeems si eng Zäit laang vun den Awunner vu Beefort geschützt a versuergt gi war, ass si den 28. Juli 1942 op Theresienstadt deportéiert ginn, a vun do op Auschwitz, wou si vergaast gouf. Trotz dem grousse Risiko gouf de Karel Juda spontan vu sengen Noperen, der couragéierter Bauerefamill Paul a Claire Jodocy-Godefroid opgeholl a bis zum Krichsenn an hirer Scheier verstoppt a versuergt. 1944 hu si och nach de Refractaire Theo Weber an dëser Stopp opgeholl.

Begleet gëtt d’Aweiung vun der Gedenkplack mat der Ausstellung „Between Shade and Darkness“ vu MemoShoah vum 5. bis den 12. Juli am Kummelsbau zu Beefort. Nom Vernissage mëttwochs de 5. Juli ëm 19 Auer hält den Henri Juda, dem Karel Juda säi Jong, eng Konferenz an hie schwätzt iwwert d‘Geschicht vu senger Famill. Dem Henri Juda (Joergank 1947) seng zwou Bomien an ee Brudder sinn am Holocaust ermort ginn a seng Mamm huet Auschwitz iwwerlieft.

En Donneschdeg, de 6. Juli, ass ëm 18.30 Auer eng guidéiert Visite vun der Ausstellung.

Den 9. Juli huet eng weider Bedeitung. Op deeselwechten Dag am Joer 1910 ass de Karel Juda zu Bitburg gebuer.

 
Zesummefaassung vum Programm

Mëttwoch, de 5. Juli
– 19 Auer: Vernissage vun der Ausstellung
– Uschléissend: Konferenz mam Henri Juda
– Eierewäin offréiert vun der Gemeng

Donneschdeg, de 6. Juli
– 18.30 Auer: Visite guidée vun der Ausstellung

Sonndeg, den 9. Juli
– 17 Auer: Aweiung vun der Gedenkplack
– Musikalesch Begleedung vum André Mergenthaler, Chorale Sainte Cécile Beefort a Chorale „Sang mat“ Waldbëlleg-Haler
– Uschléissend: Réceptioun a guidéiert Visite am Kummelsbau