D’Schwämm geet muer ëm 10 Auer op

D’technesch Problemer si behuewen an d’Schwämm ass vu muer ab 10 Auer op fir dës Saison. D’Ouvertureszäite si vu muer Donneschdeg a bis dëse Sonndeg, de 25. Juni, vun 10 bis 20 Auer. Duerno a bis Enn des Mounts ass ët vun 13 bis 19 Auer a vum 1. Juli bis den 20. August vun 10 bis 19 Auer.  

Den Entrée kascht 3 Euro fir Kanner vun 3 bis 14 Joer a 5 Euro fir Erwuessener.