10 Joer Ristorante Ballanti

“Time to say goodbye” huet den Dario Ballanti virun e puer Deeg op seng Facebook-Säit geschriwwen. Mëttlerweil dierft et gewosst sinn, datt hien mam Ristorante Ballanti ophält an d’Pizzeria vu sengem Monni zu Wecker iwwerhëlt. Dat wäert awer Enn des Joer de Fall sinn an de leschte Weekend goufe fir d’éischt mol “10 Joer Ristorante Ballanti” gefeiert.

Um Freideg stoung ee Concert mat „The Backscratchers“ an uschléissend den Dr. Gonzo um Programm a samschdes ass beim „Pizza ‘n’ Blues“ d’Grupp „The Little Bluesband“ opgetrueden. Eng Rei Leit woren e Freideg nach beim Rock am Duerf op der Äispist an d’Afterparty souzesoen ass beim Dario weidergaangen. Op jidder Fall wor déi zwee Owender eng flott Stëmmung a jiddereen huet sech gutt amuséiert.  

Den nächsten Termin beim Dario steet fest. Den 12. August ass déi fënneft Editioun vum BRB – Blues ‘n’ Rock Beaufort an et trieden op „The Backscratchers“, „Dizzy Picture“, „Fred Barreto Group“ an „The Carps“. Nit ze vergiessen ass herno zum Schluss eng grouss Ofschlossparty.

E puer Fotoe vum „Pizza ‘n’ Blues“-Owend: