Bal 10.000 Artikelen op 650 Quadratmeter

Nodeems de leschten 10. Dezember „Den Hanff“ no ronn 50 Joer zougemaach huet kënnen d’Beeforter a Leit aus der Géigend erëm hei am Duer akafe goen. Virgëschter Donneschdeg sinn um 8 Auer d’Diere vum Proxy Delhaize an der Senioreresidenz „Petite Suisse“ opgaangen. Déi offiziell Ouverture wor Mëttwochowes.

Op 650 Quadratmeter fënnt een eng Auswiel vu bal 10.000 Produkter fir de Stot. D’Metzlerei Wietor ass och an dës Raimlechkeete geplënnert an am Geschäft fënnt een ebenfalls ee Postshop. Geleet gëtt de Proxy Delhaize vum Raleb a Jacqueline Gomri. Parkplaze fënnt een der virun der Entrée (24) an och bannen an der Garage (23). Akafe kann ee vu méindes fir freides vun 8 bis 19 Auer, samsdes vun 8 bis 18 Auer a sonndes vun 8 bis 13 Auer.

Den offizielle Pressecommuniqué kënnt nach no an hei ass elo eng Fotosgalerie vum neien Akafszenter zu Beefort.