Schluss no 10 Joer

D’Rumeuren droen hir Friichten. Enn dëst Joer ginn d’Diere vum Ristorante Ballanti zou an esou geet ee Joerzéngt op een Enn.

De 14. Juni 2007 gëllt als den offiziellen Dag vun der Ouverture vum Restaurant, an deem haaptsächlech italienesch Spezialitéite zerwéiert ginn. Lëtzebuerger Kascht, regelméisseg Themenowenter oder verschidde kulinaresch Wochen stinn op der Kaart an et gouf méi wéi ee Concert gespillt. Déi nächst Terminer sinn de 16. Juni mat „The Backscratchers“ an uschléissend Dr. Gonzo an de 17. Juni „Pizza ‘n’ Blues“ mat „The Little Bluesband“. Den Héichpunkt dëst Joer ass den 12. August mat der fënnëfter Editioun vum BRB – Blues ‘n’ Rock Beaufort. De Programm steet mëttlerweil fest an et trieden op „The Backscratchers“, „Dizzy Picture“, „Fred Barreto Group“ an „The Carps“.

Déi nächst Etapp vum Dario ass bekannt. Hien iwwerhëlt vu sengem Monni d’Pizzeria „Giorgio“ zu Wecker. Eppes huet den Dario schonns verroden: Et wäert eng grouss Abschidsparty ginn.

Obwuel den Dario mam Restaurant ophält bleift hien dem Duerf erhalen. “De Puck” wäert weiderhin vum Dario bedriwwe ginn an do si verschidden Ännerungen ze erwaarden. Och de BRB bleift Beefort erhalen.