11 Beeforter zu Beaufort

Den 23. Rassemblement des Beaufort gouf dëst Joer iwwert de Päischtweekend zu Beaufort-sur-Doron an der Savoie ofgehalen. Fir eng Reih Beeforter ass dëst Géigend keng onbekannte Destinatioun: Zanter Jore fueren d’Schnéiklassen op Arêches, dat e puer Kilometer hannert Beaufort-sur-Doron läit.

Déi lëtzebuerger Beeforter Delegatioun huet sech aus 11 Leit zesummegesat: Camille Hoffmann, Suzy Grommes, Liette a Paul Riehl, Margot Flammang, Monique Trentin, Monique Brandenbourger, Tessy Pena, Alexandre Pereira, Marc Mossong a Jos. Nerancic.

Den Depart wor de leschte Freideg an déi éischt Etapp goung bis op Mâcon. Am spéiden Nomëtteg stung ënner anerem d’Visite vun der Eglise Saint-Pierre an der Maison du Bois (gebaut tësche 1490 an 1510) um Programm. Den Dag drop gouf moies een Tour iwwert de Maart laanscht d’Saône gemeet an duerno ass ët weider gaangen bis op Beaufort.

An der Association internationale des Beaufort sinn am Ganzen 13 Beaufort vertrueden: 10 aus Frankräich an all Kéiers 1 aus Amerika, Australien a Lëtzebuerg. Bei der 2017er Editioun woren d’Beeforter aus Amerika an Australien leider nit vertrueden. Op der Place Frison-Roche konnten déi lokal Beeforter am Ganzen 270 Participante begréissen, déi an 137 Familljen iwwernuecht hunn.

Sonndes stoung fir jiddereen eppes um Programm: d’Visite vun der „Coopérative laitière“ (Fromage Beaufort), de „Vieux Beaufort“ an eng „Randonnée des Cascades“. Nom Mëttegiessen zu Arêches konnt een entweder de Lac de Roselend oder de Lac de St Guérin kucken. Virun der Generalversammlung vun der Association des Beaufort hunn déi Vertrieder ee klengen Haff besicht.

An der Generalversammlung gouf du bestätegt, wat schonns bekannt ass: 2018 ass de 24. Rassemblement des Beaufort hei zu Beefort an zwar vum 8. bis den 10. Juni 2018. Ofgeschloss gouf deen Dag mat engem Dîner-dansant fir sämtlech Participante, Organisateuren an d’Familljen, déi Iwwernuechtungen ugebueden hunn.

All Beaufort huet dann e Méindegmoies seng Spezialitéite virgestallt, déi een degustéiere konnt. Zum Ofschloss gouf an der Mëttesstonn nach ee Gedenksteen, dee 450 Milliounen Joer al ass, ageweit an de Camille Hoffmann krut de Flambeau iwwerreecht, als Organisateur vum Rassemblement 2018.

Beim Retour op Beefort hei zu Lëtzebuerg huet d’Delegatioun nach een Tëschestopp zu Annecy ageluecht.