Gréng Luucht fir d’Schoulorganisatioun

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

Sämtlech Punkte goufen eestëmmeg ugeholl.

1. Vun den dräi Kandidature gouf am Laf vum Moien eng Kandidatur zréckgezunn an esou goufen dann d’Susi Wagener (Préscolaire) an d’Céline Pereira (Primaire) ernannt. Ausgeschriwwe ginn nach ee ganze Poste fir C2-C4, ee Surnumerar C2-C4 an nach een halwe Poste Surnumerar C1.

2. Den Total beleeft sech op 405.645,71 Euro.

3. Hei ass den Total vu 63.815,68 Euro.

4.a & 4.b D’Schoulorganisatioun 2017/2018 fir viraussiichtlech 339 Kanner an de “Plan d’encadrement périscolaire” goufen ugeholl.

5. Et ass virgesinn d’nächst Joer de „Kinnenweg“ op enger Längt vun 155 Meter an 3,50 Meter breet ze goudronnéieren.

6. Déi nei Statute mam neie Comité vum Club des Jeunes vu Beefort goufen zur Kenntnis geholl.

7. Folgend Veräiner resp. Veranstaltunge kruuten een Extrasubsid zougesprach: Oktoberfest vum (Syndicat d’initiative et du tourisme de Beaufort, Elterevereenegung, Judo Club, PaprikArt) 500 Euro, Blues’n’Rock Beaufort (Theaterfrënn Beefort) 500 Euro an d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Groupe Frère Roger de Taizé vu Beefort, de virun zwee Joer gegrënnt gouf, 5.000 Euro als eemolegt Startkapital.

Ënner Verschiddenes goufe folgend Themen ugeschwat: d’Entrée vum Kummelsbau, Propose vun der Commission consultative communale d’intégration, d’Holzstee, de Camping Schaaf zu Déiljen, d’Aarbechten an der Rue de la Sûre zu Déiljen, Nordliicht TV an de Knascht, deen aus verschiddene Camionette vun Entreprisen aus der Géigend op d’Strooss geheit gëtt.

D’Sëtzung gouf um 20.31 Auer opgehuewen an duerno huet de Pompjeeskommandant Alex Pereira dem Gemengerot den neie Mannschaftstransportwon virgestallt.

Déi nächst Sëtzung ass op en Dënsdeg, den 11. Juli, um 19 Auer festgeluecht ginn.