42 Prouwe fir véier Theatervirstellungen

Am Theis Haus wor e Freideg den Owend d’Generalversammlung vun den Theaterfrënn Beefort. D’Presidentin Léonie Switala-Theis huet am Ufank vun der Versammlung der ganzer Theaterequipe, dem Regisseur Eric Feront, der Flüsterin Margot Flammang, de Sponsoren an der Gemeng Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung an zum gudde Geléngen vun den dësjähregen Theateropféierungen. Eier de Patrick Goetzinger op d’Aktivitéite vum Joer agaangen ass, gouf mat enger Gedenkminutt un eng vun de Saile vum Veräin erënnert, de Serge Cruchten, dee puer Deeg virum BRB (Blues `n`Rock Beaufort) verscheet ass.

42 Prouwen woren néideg fir d’Koméidistéck „Männer am Hierscht“ virdroen ze kënnen a bei de véier Opféierunge sinn am Ganze 496 Leit kucke komm. De Comité huet sech sechs Mol getraff a wor op de verschidde Manifestatiounen am Duerf vertrueden. Mat grousser Zefriddenheet konnt een nei Akteuren (alles Beeforter) an d’Ekipp integréieren a si all hunn hir Première erfollegräich bestanen. Fir d’Finanzen nit ze belaaschte gouf decidéiert dëst Joer keen Ausfluch ze organiséieren.

Eng nei Ekipp huet sech beim BRB (Blues `n`Rock Beaufort) fir d‘Organisatioun opgestallt. De Programm an den Datum sti fest: den 12. August an et trieden op „The Backscratchers“, „Dizzy Picture“, „Fred Barreto Group“ an „The Carps“.

Bedéngt duerch déi aussergewéinlech Situatioun virum BRB gouf et eng negativ Bilanz mais d’Theateropféierungen hunn zum Schluss vun der Saison fir ee positiivt Resultat gesuergt, esou d’Claudine Gremling, d’Caissière vun den Theaterfrënn. Op Virschlag vun de Keesserevisoren Gaby Bouhlel a Rieneke Cruchten huet d’Versammlung Entlaaschtung.

Bei der fräier Aussprooch woren ë.a. d’Beliichtung vun der Bühn an d’20-Joerfeier am nächsten Joer een Thema. De Buergermeeschter Camille Hoffmann huet d’Aktivitéite vum Veräin gelueft an d’Theateropféierungen zielen an der Tëschenzäit zu enger Institutioun hei am Duerf. Ofgeschloss gouf d’Generalversammlung mat engem Pättchen an enger klenger Stäerkung.

Den neie Comité setzt sech zesummen aus Léonie Switala-Theis (Presidentin), Manuela Kirscht (Sekretärin), Claudine Gremling (Caissière), Dario Ballanti a Patrick Goetzinger.