Ee Ministade bei der Äispist

Nieft der Äispist hunn dës Woch d‘Aarbechte vun engem neie Ministade ugefaangen. An der Gemengerotssëtzung vum 9. September d’lescht Joer gouf eestëmmeg een Devis vun 110.002,51 Euro fir dëse Projet gestëmmt. Dëse Ministade wäert esou ähnlech sinn ewéi dee bei der Schoul. Am Juli, an zwee Méint also, soll de Projet realiséiert sinn.