Strooss tësche Beefort an der Vugelsmillen gespaart

Vum nächste Méindeg, den 8. Mee, vun 8 Auer un a bis viraussiichtlech en Donneschdeg, den 11. Mee, (hänkt dovunner of ewéi d’Aarbechte virukommen), wäert d`Strooss tësche Beefort an der Vugelsmillen gespaart sinn. Während där Zäit gëtt déi iewescht Couche vum Stroossebelag fir d’éischt ewechgeholl an da frësch gemeet.

D’Busser (Linnen 414, 417, 503 an 848) ginn ëmgeleet an hei ass de Plang fir déi Deeg.