Een neie Kessel an Ëmbau vum Heizungsraum vun der Schoul gestëmmt

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

Enner Matdeelunge vum Schäfferot goufen zwou Theme behandelt: de Minigolf an d’Postgebai. De Compromis vum Minigolf sollt déi lescht Woch ënnerschriwwe ginn mais d’Géigepartie huet hei op der Gemeng séng Ennerschrëft op de Pabeier nit gesaat. Sou bleift et weider beim Status quo. Wat d’Postgebai betrëfft sou laafen d’Gespréicher nach ëmmer weider an deemnächst wäert eng Entrevue mam Fonds de logement sinn fir ze kucken ënnert wéi eng Konditiounen sozial Wunnengen kënnen drakommen.

Sämtlech Punkte goufen eestëmmeg ugeholl.

1. Den Total vun de verschiddenen Einname beleeft sech op 1.468.297,89 Euro.

2. D’Reglement betreffend d’Notzung vun den Dachfläche vun de Gemenge erlaabt et, fir eng Photovoltaikanlag opriichten ze duerfen.

3. D’Demande vun de Gemenge Fréiseng a Manternach fir an d’interkommunaalt Ofwaassersyndikat Sidest opgeholl ze ginn gouf mat engem Jo beäntwert.

4. D’Heizzentral vun der Schoul huet eng Kapassitéit vu 610 kW am Ganzen, déi sech zesummesetze aus 300 kW (Holzkessel) an 310 kW (Uelegkessel). Den Total vun der Leeschtung vun der neier Schoul (240 kW), al Schoul mam Sports- a Judossall (170 kW), Jugendherberge (200 kW), Spillschoul (60 kW), de Pompjeesbau mat den technesche Servicer (50 kW) an dem Holzlager (6 kW) beleeft sech op 726 kW. Rechent een d’Netzverluste vu fënnef Prozent an eng „abgeschätzte Gleichzeitigkeit im Nahwärmenetz“ vun 80 Prozent da kënnt een op eng maximal Nennwärmleistung vun 581 kW. Rechent een nach den neie Pompjeesbau dobäi (40 kW), da kënnt een op 610 kW, dem Maximum vun der Heizzentral an ët si keng Leeschtungsreserven méi do. Déi geplangte Maison relais däerf een an dësem Zesummenhank nit vergiessen.D’Holzhackschnitzelanlag ass an engem relativ gudden Zoustand mais et ginn zwou schwaach Punkten: Déi relativ ëmständlech Entsuergung vun den Äschen an déi baulech Gegebenheeten erlabe keng Installatioun vu modernen a méi leeschtungsstaark Holzkesselen. D‘Liewensdauer vum aktuellen Holzkessel kënnt sou lues awer sécher op en Enn an an Zukunft kann ee mat opwänneg an deiere Reperature rechnen. D’Versuergungssécherheet hëlt of.

Aus de virdru genannte Grënn ass een Austausch vum aktuelle Holzkessel duerch een neien Hackschnitzelkessel vun der neister Generatioun mat 500 kW Leeschtung eng optimal Léisung, déi duerch de Bau vun engem Liichtschacht mat integréiertem Lastenaufzug ënnerstëtzt gëtt. D’Leeschtungsreserve wäert da bei ronn 200 kW leien. Den Devis fir den Ëmbau vum Heizungsraum an den Austausch vum neie Kessel beleeft sech op 371.158,89 Euro.

5. Déi vum Staat an der Gewerkschaft ausgehandelt Prime unique ass approuvéiert ginn.

6. D’Zuel vun den Dossieren, den Demanden a Consultatiounen beim regionale Sozialamt vun de Gemenge Beefort, Bech, Bäerdref, Konsdref a Reisduerf hei zu Beefort ass an de leschten Joren ëmmer méi an d’Luucht gaangen. Am Joer 2011 hunn 118 Stéit an 69 Persounen dëse Service an Usproch geholl a 2016 woren ët 270 Stéit. Dobäi kënnt nach, datt d’Dossieren ëmmer méi komplex gi sinn. Aus deene Grënn freet de Conseil d’administration vum regionale Sozialamt d’Schafung vun engem hallwe Poste vun engem zousätzlechen Assistant social.

Enner Verschiddenes woren ë.a. een Thema: Journée des bourgmestres, Anti-Drogen-Dag an der Schoul, Rassemblement des Beaufort 2018 hei zu Beefort, d’Weieren, d’Spuerkeess, d’Grondhafferstrooss, d’Bréck zu Déiljen a verschidde Gebeier um Grondhaff .

Déi nächst Versammlung ass den 31. Mee.

D’Sitzung gouf um 20.07 Auer opgehuewen.