Eppelduerfer Strooss vu muer un gespaart

Vu muer Mëttwoch, de 26. Abrëll, a bis ee Mëttwoch, den 3. Mee, inclus ass d’Eppelduerferstrooss tëschen den Haiser Nummer 96 (Agank Halerstrooss) an Nummer 108 fir all Verkéier, ausser den Anlieger an de Rettungsdéngschter gespaart an dat wéinst Virbereedungsaarbechte fir een neie Stroossebelag. Den 3. Mee gëtt d’Strooss och fir d’Anlieger gespaart a si si gebieden vu moies 7 Auer un den Auto ausserhalb vun dësem Deel vun der Strooss ofzestellen.