Regional Sozialamt kënnt an déi al Jugendherberge

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

Genau wéi an de Gemengerotssëtzunge vum 15. November an dem 19. Dezember goufen an der leschter Gemengerotssëtzung gëschter Méindeg sämtlech Punkte vum Ordre du jour eestëmmeg ugeholl. Et gouf keng eenzeg Géigestëmm oder Enthalung verzeechent.

Virum éischte Punkt goufen et nach e puer Matdeelunge vum Schäfferot. Sou hate si sech mam Gérant vum neien Delhaize getraff. Den Delhaize kënnt an d’Residenz Petite Suisse nieft der Äispist a wäert am Ganzen 800 Quadratmeter hunn, dovunner si 650 Quadratmeter fir d’Geschäft an 150 Quadratmeter fir d’Lager. D’Ouverture ass ee bëssi no hanne geréckelt an normalerweis dierft d’Geschäft Enn Mee / Ufank Juni opgoen. Och ee Bankomat ass virgesinn.

Enn Mäerz fänken an der Rue de la Sûre zu Déiljen Aarbechten un an am Hondsbierg keeft d’Gemeng sechs Ar Bësch. Den entspriechenden Akt kënnt deemnächst op den Ordre du jour vun enger Gemengerotssitzung.

Bekanntlech mécht d’Spuerkeess hir Dieren zu Beefort zou. D’Gemeng huet dräi Banke ugeschriwwen fir an dës Raimlechkeeten ze kommen an et gëtt mëttlerweil eng negativ Äntwert vun enger Bank.

  1. Den Total vun den Einnahme beleeft sech op 1.150.527,04 Euro.
  2. Bei engem Bauprojet op der Haaptstrooss bei der Schoul goufen Terrainen getosch (11 an 28 Zentiar, Wäert 2.500 Euro).
  3. Den éischte Stack vun der Maison médicale nieft der Kierch gëtt elo och verlount.
  4. An déi al Jugendherberge, wou de Sëtz vum Naturpark Mëllerdall schonns ënnerbruecht ass, kënnt den regionale Office social, dee sech aus de Gemenge Beefort, Bech, Bäerdref, Konsdref a Reisduerf zesummesetzt. D’Gemengenaarbechter hu bis elo an Eegeregie souwäit wéi méiglech alles selwer gemeet. Den Devis fir déi weider Aarbechten ewéi de Buedem, Elektresch, Ustrach, Sanitär, Plättercher asw. beleeft sech op 300.000 Euro an dee gouf eestëmmeg ugeholl.
  5. Eng réng Formalitéit.
  6. Eestëmmeg ugeholl.
  7. Eestëmmeg ugeholl.
  8. Déi nei Statute vun der Associatioun “Lynn fir Olympia 2016” goufen zur Kenntnis geholl.
  9. Folgend Subsiden goufe guttgeheescht:
    ORT: 4 Euro pro Awunner (2.545) = 10.180 Euro
    Nordstadjugend: 10499 Euro
    Rassemblement des Beaufort: 20 Cents pro Awunner = 509 Euro

Enner Verschiddenes goufen nach folgend Themen diskutéiert: d’Gebai vun der Post, de Minigolf an den Terrain, Problemer mat engem Lotissement an den Hôtel-Restaurant Ernz Noire um Grondhaff.