Night Vigil 2016

De Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale (CAGGD) huet gëschter Samsdeg fir déi 22. Kéier un d’Ardennenoffensive (Battle of the Bulge) erënnert. De Rassemblement wor ëm 9 Auer bei der Kierch zu Beefort. Kuerz drop goufe vun enger Delegatioun vum CAGGD Blumme bei der Tafel vum G.I. un der Kierchemauer néiergeluecht während den Edmond Faber „The Last Post – The Star of Spangled Banner“ gespillt huet. Uschléissend hunn de Buergermeeschter Camille Hoffmann an den Elie Kryloff Blumme um Monument aux Morts fir d’Verstuerwen aus dem Zweete Weltkrich geluecht, verbonne mat der Sonnerie aux Morts. Als Ofschloss huet den Edmond Faber „Stille Nacht“ gespillt.

An der Kierch gouf eng Mass vum Aumônier Lt-Colonell Nicolas Wenner fir all Verstuerwen aus der Gemeng Beefort a fir all gefalen Amerikaner, déi hiert Liewe fir ons Fräiheet ginn hunn, zelebréiert. Fir de musikalesche Kader hunn d’Chorale vu Beefort a Lalleng gesuergt.

Beim vun der Gemeng offréierten Éierewäin hunn de President vun der CAGGD Marcel Kayser an den Adam Lynch (Logistics Officer vun der amerikanescher Ambassade) un déi schwéier Zäiten erënnert. Uschléissend goufe weider Blummen néiergeluecht: bei de Kräizer vun de G.I. bei der aaler Jugendherberge, wou den Edmond Faber „The Last Post – The Star of Spangled Banner“, d’Heemecht a „Stille Nacht“ gespillt huet, an och bei der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg.

D’Gedenkfeier gouf mat engem Mëttegiessen ofgeschloss an nieft der CAGGD hu sech nach bedeelegt: Vertrieder vun der amerikanescher Ambassade, Gemengenautoritéite vu Beefort, Frënn vun den Amerikaner, CVM Steesel, Quadriga an d’Duerfleit. E puer Biller vun der Gedenkfeier: