Porte ouverte am “Yo’s Second Hand Shop”

E Samsdeg, den 19. November, ass vu 14 bis 19 Auer eng Porte ouverte am “Yo’s Second Hand Shop” zu Beefort a wéi den Numm et schonns seet handelt et sech hei ëm ee Geschäft mat Okkasiyos-second-hand-shop-logo-rz-1ounssaachen. Am Mëttelpunkt sti Markekleeder fir haaptsächlech d’Dammen. Nieft de Kleeder ginn och nach Schong, Accessoiren ewéi Poschen zum Beispill an nach villes méi op Nummer 6 un der Rue des Promenades zu Beefort ugebueden. Et ass déi selwecht Entrée ewéi déi vum Büro vun der Entreprise Scholtes-Vossen SA.

Zanter Juni ass d’Geschäft op a steet ënnert der Leedung vum Yolande Vossen. Zur Auswiel sti bekannt Marken ewéi Desigual, Boss, Airfield, Comma, Esprit, Adidas, Cecile, s.Oliver, Street One, Jack Wolfskin, Only, Zara, Barisal, Ana Sousa, Rieka a Gabor fir nëmmen e puer ze ernimmen. An deem aus Holz flott ageriichte Raum ass och eng Kabinn ënnerbruecht, wou een déi verschidden Zorte vu Kleeder umoosse kann. Passend zu dëser Joreszäit sinn elo Wanterkleeder ausgestallt.

D’Ouvertureszäite sinn dënsdes a donneschdes moies vun 9 bis 12 Auer an nomëttes vu 14 bis 18 Auer. Selbstverständlech ass et och méiglech ee Rendez-vous ausserhalb den normalen Ouvertureszäiten ze fixéieren. An deem Fall gëllt d’Telefonsnummer 691 35 86 34.

Den Dag selwer vun der Porte ouverte huet d’Yolande Vossen och léif Frëndinnen agelueden, déi Schminktipps kënnen ginn oder och schminken. Des Weidere ginn et Informatiounen iwwert d’Matcha-Produkter an och iwwert d’Kosmetik vum Dr. Juchheim.

Weider Informatiounen stinn op der Facebook-Säit vum “Yo’s Second Hand Shop“.

_jos5161

_jos5149