Muer geet d’Äispist erëm op

Muer Samsdeg ass et erëm souwäit: Um 11 Auer geet d’Saison 2016/2017 op der Äispist un a si dauert bis de 5. Mäerz 2017. D’Beeforter Äispist, déi 1969 opgaangen ass an 2011 een Daach iwwert de Kapp kritt huet, ass nämlech déi eelst Äispist zu Lëtzebuerg.

D’Ouvertureszäite si vu dënsdes vun 13 bis 18 Auer, mëttwochs bis freides vun 13 bis 19 Auer, samsdes vun 11 bis 19 Auer a sonndes vun 10 bis 19 Auer. Méindes ass et zou, ausser an der Schoulvakanz. An der Chrëschtvakanz ass de 24. an den 31. Dezember vun 11 bis 16 Auer op, Chrëschtdag selwer bleift zou an da vum 27. Dezember bis de 7. Januar 2017 ass all Kéiers vun 11 bis 19 Auer op. Fir Schoulklassen a gréisser Gruppe kann op Nofro an an der Woch tëschen 8 an 12 Auer opgemeet ginn. Och Ice-Karting gëtt dëss Saison ugebueden.

Ewéi d’lescht Saison, sou wäert och dëss Kéier eng “Ice Skating Show” präsentéiert ginn. Deen Termin ass de Samsdeg, den 21. Januar 2017, ëm 18 Auer. Samsdesowes ëm 20 Auer spillt och de Beeforter Äishockeyclub seng Heemmätscher. Dëss Saison si se an der belscher Division 1 a muer den Owend ass em 20 Auer den zweeten Heemmätsch vun der Saison. De Géigner heeschen Haskey Hasselt.

Sou wéi d’lescht Joer ginn och dëss Saison Schlittschungcourse fir Kanner ab fënnef Joer an Erwuessener ugebueden. Weider Detailler ginn ët op dëser Dépliant:

eislaufkurse

Fir Iessen an Drénken ass an der Buvette gesuergt. Hei am “Puck” ginn déi klassesch Saache géint de klengen Honger ugebueden. Wann den Dario am Restaurant-Pizzeria Ballanti fäerdeg ass, da kënnt hien op d’Äispist erof. Selbstverständlech ass ët och méiglech d’Menuer aus dem Restaurant an de “Puck” liwweren ze loossen.

_jos5475

Och “De Puck” huet sech ageriicht fir eng Halloween-Party, déi den 31. Oktober, ofgehale gëtt. Et ass fräien Entrée an de “Spuck am Puck” fänkt um 20.30 Auer un:

halloweenpuck