Markéierung vun der Äispist

E Samschdeg, den 29. Oktober, geet d’Äispist offiziell op an den éischten Heemmätsch vum IHCB ass schonns déi Woch virdrun um 20 Auer. Éischte Géigner doheem sinn d’Sharks aus Mechelen. Bekanntlech spillt den IHCB dëst Joer an der éischter belscher Liga, déi déi nächst Woch ufänkt, an nit ewéi déi Jore virdrun an der däitscher Rheinland-Pfalz-Liga.

Eng éischt grouss Etapp vum neien Äis gouf gëschter Owend gemeeschtert: d’Markéierung vun de Linnen. D’Linnen an de verschidde Faarwe ginn allerdéngs nit direkt op de Buedem gemoolt ewéi dat fréier de Fall wor. Hautdesdaags sinn d’Linnen aus Krepppabeier, deen op dat relativt dënnt Grondäis geluecht gëtt. Mat Waasser naass gemeet fréiert d’Pabeierband um Grondäis a bleift esou pechen. Och déi verschidde Fläche gi no dësem Prinzip opgefëllt.

Wéi dat Ganzt funktionnéiert gesäit een op dësem Beitrag vun der „Sendung mit der Maus“. Allerdings si se zu Köln vill méi professionell ageriicht ewéi hei. Wéi dat gëschter Owend hei zu Beefort gemeeschtert gouf, gesäit een un de Fotoen, déi ech vum Äishockeyclub kritt hunn. Iwwregens huet d’Markéierung am Ganze sechs Stonne gedauert an dat bei frëschen Temperaturen dobaussen!

marquage1

marquage3

marquage4

marquage5

marquage7

marquage8