Beeforter Schlass bei “The Vintage News”

Obwuel den Artikel schonns de 15. Juli 2016 publizéiert gouf, ass den Artikel iwwert d’Beeforter Schlass virun e puer Deeg iwwer Facebook eng weider Kéier vun “The Vintage News” gedeelt ginn an doduercher konnt ech dat gesinn. D’Iwwerschrëft bei “The Vintage News” heescht: “The ruins of the Beaufort Castle – One of the better known medieval castles in Luxembourg” an de ganzen Artikel an englescher Sprooch ass ënnert dësem Link ze fannen. De selwechten Artikel fënnt een och bei www.outdoorrevival.com an do ass den Titel: “If you go to Europe, check out the ruins of the Beaufort Castle – one of the better known medieval castles in Luxembourg”.