Moie Beefort!

D’Gemeng Beefort ass mat sengen 2478 Awunner zanter fënnef Joer populatiounsméisseg gesinn déi zweetgréisst Gemeng am Kanton Eechternoach. Laut dem Statec gesäit d’Entwécklung esou aus: 916 Awunner am Joer 1981, 1104 (1990), 1406 (2000), 2126 (2010), 2254 (2011), 2273 (2012), 2372 (2013), 2412 (2014) an 2478 (2015).

Zu Beefort ginn et nieft Entreprisen, Bistroen, Cafeeën, Restaurante an Hotellen ë.a. nach eng kleng a flott Epicerie, ee Metzler, ee Bäcker a souguer eng Apdikt. Alles wat een zum alldeegleche Liewen esou braucht an eben zu der positiver Entwécklung am ländleche Raum bäidréit. Bluttanalyse sinn och zu Befort méiglech an d’lescht Joer gouf eng Sportshal feierlech ageweit. Des Weidere ass zu Beefort déi eelste Äispist zu Lëtzebuerg. 1969 goung se op an 2011 mat engem Zeltdaach komplett iwwerdaacht. Ice-carting ass hei am Land nëmmen zu Beefort méiglech. Am Summer freeë sech nit nëmmen d’Touristen op déi oppe Schwämm beim Camping. Nieft den Touriste si vill Leit aus der Géigend, déi vun de Méiglechkeete vum Indoorparadies an der neier Jugendherberge profitéieren, sief ët ee Kannergebuertsdag ze feieren oder eng Partie Bowling ze maachen. Onnëtz ze ernimmen, datt et déi iwwer de Grenzen eriwwer bekannten Disco nach ëmmer gëtt a weiderhi musikalesch een Ausfluch an „déi gutt al Zäit“ mécht. D’Beeforter Schlass mat de groussaartege Concerten an de Cassis hate mer elo bal vergiess well et mëttlerweil zu der Selbstverständlechkeet zielt…

Obwuel ëmmer méi Leit d’Virdeeler vun enger Gemeng ewéi Beefort erkenne gëtt een d’Gefill nit lass, datt Beefort zu engem Dortoir verkënnt. An deem Sënn ass dëse Site “Beefort Online” ze gesinn. Während “De Beeforter” zweemol pro Joer erauskënnt an um Site vun der Gemeng (beaufort.lu) déi klassesch an och aktuell Informatiounen ze fanne sinn ass hei d’Grondiddi zäitno Aktualitéit, Ukënnegunge vu Manifestatiounen, Sportresultater a verschidde Kloerstellungen ze publizéieren. Et ass meng Privatinitiativ a jiddereen ass invitéiert fir un dësem Projet matzeschaffen a sech um Input ze bedeelegen. Dacks kënnt ët vir, datt ee méi Bescheed weess wat an der Welt leeft ewéi virun der eegener Hausdier oder lokal gesinn, datt déi lénk Hand nit weess wat déi aner Hand mécht. Sou zum Beispill ass aus menger Siicht ee gemeinsame Manifestatiounskalenner vun der ganzer Gemeng Beefort néierens ze fannen. Et dauert nach ee bëssi bis dat Ganzt menge Virstellungen entsprécht mais heimatter ass mol de Grondsteen geluecht. Et ass nit auszeschléissen, datt an den nächste Wochen a Méint dës Internetpräsenz sech wäert änneren awer nit op d’Käschte vun der Aktualitéit. Am Viraus ee grousse Merci gesot fir d’Versteesdemech.

Jos. Nerancic

Leave a Reply