D’Maus Ketti op Besuch zu Beefort

D’Maus Ketti vu Biermereng ass wuel déi bekannste Maus vu Lëtzebuerg an hir Geschicht a Gedichtsform aus dem Joer 1936 vum Auguste Liesch zielt als ee vun de bekannteste Wierker aus der Lëtzebuerger Literatur. Um Europadag war d’Maus Ketti zu Besuch op Beefort an zwar am Haff vum Renaissance-Schlass.

Gespillt gouf d’Stéck vun der Harzer Puppenbühne, déi schonns d’lescht Joer mam “Froschkönig” fir Begeeschterung bei de Kanner gesuergt hunn. Souwuel d’Kanner an d’Eltere ware moies um 10 Auer iwwerpénktlech an esou konnt d’Theaterstéck zur Zäit ufänken. Duerch de Programm huet de Schleek “Meme” gefouert, dee schonns direkt am Ufank an zum Schluss d’Laachmuskele bei der Kanner a Form bruecht huet.