“Beeforter Knights” si Champion

Mëttlerweil dierft et no enger gudder Woch zu Beefort bekannt sinn, datt d’Beeforter Ritter Lëtzebuerger Champion sinn. An engem spannenden an dramatesche Mätsch hu se no 0:2-Réckstand nach 5:4 géint den Tornado gewonn. Erméiglecht hunn d’”Knights” dës Final um leschte Spilldag vun der Lëtzebuerger Äishockeyliga mat enger 7:4-Victoire géint d’éischt Ekipp vun de “Puckers” zwee Deeg virdrun.

D’Meldung vum éischte Championstitel vun de Beeforter war an der nationaler Press nëmmen eng Kuerzmeldung wäert, déi d’Tageblatt publizéiert huet. Online huet RTL de Communiqué vun der Äishockeyfederatioun mat Fotoe vum Luc Meyers verëffentlech. D’Lieser vum Lëtzebuerger Wort wëssen iwwert hir Zeitung näischt vum neie Lëtzebuerger Champion, deen no 25 Joer den Tornado ofléist.

Dobäi war et d’Wort déi den 23. Dezember 2021 eng ganz Säit dem Lëtzebuerger Äishockey gewidmet huet mam Titel “Eishockeyliga begeistert Fans – Nach Neugründung und einem Jahr Corona-Pause entpuppt sich die LHL als wahrer Zuschauermagnet”. Puer Deeg méi spéit och am Tageblatt eng ganz Säit: “Das Potenzial ausgenutzt – Warum die neu gegründete “Luxembourg Hockey League” schnell populär wurde”.    

Populär ass ee gutt Stéchwuert. Wäit iwwer 400 Leit hunn den Heemmätsch vun den “Knights” zu Beefort materlieft an iwwer 100 User de Mätsch doheem, ënnerwee oder an enger Grupp online op “youtube” verfollegt. Ee klenge Verglach zu de Mätscher aus der Nationaldivisioun den nämmlechte Weekend: Nidderkuer – Stroossen 459, Woltz – Ettelbréck 563, Hesper – Fola 350, Jeunesse – Péiteng 718, F91 – Munneref 390, Hueschtert – RFCUL 202, Rodange – Rouspert 85 a RMHB – FC03 150.

De leschte Weekend war et och de leschte Mätsch am belsche Championat, dee se géint den Tabellenéischten Phantoms Antwerpen 9:5 verluer hunn. D’”Beaufort Knights” schléissen d’Saison op der drëtter Plaz of. Gratulatioune ginn un de Brad Holman, deen d’Saison mat de meeschte Goaler a Punkten an der Lëtzebuerger an an der belscher Liga ofgeschloss huet. An 19 Mätscher huet hien 41 Goaler an 20 Assists geschoss. Am Ganze sinn et 61 Punkten.

Zum Ofschloss nach d’Fotogalerie vum Champions-Mätsch mat der Feier an de Vestiairen.

Update 01.04.2022: Am Virfeld vun der Weltmeeschterschaft zu Lëtzebuerg gëtt et am Lëtzebuerger Wort ee Réckbléck op déi dramatesch Final zu Beefort.