Buergbrennen 2022

Nodeems d’lescht Joer eng souzesoe virtuell Oplag vum Beeforter Buergbrenne gouf, sou konnten dëst Joer rëm Zuschauer um traditionelle Buergbrennen deelhuelen. Scho laang virun der Zäit si gëschter Owend d’Leit op d’Plaz un der Reisduerfer Strooss komm fir sech d’Buerg vun der Amicale Pompjeeë Beefort unzekucken.

No enger klenger Stäerkung an engem Pättche koum de grousse Moment op deen een iwwer zwee Joer gewaart huet: Buerg gouf ugefaangen. Allerdéngs net vun de Beeforter Pompjeeën mee vun de Reisduerfer Pompjeeën. Tëschen de Beeforter an de Reisduerfer Pompjeeë besteet eng gutt Zesummenaarbecht a Kollegialitéit an esou koum et, datt e Samschdegowend d’Beeforter Pompjeeën d’Buerg zu Reisduerf ugefaangen hunn. Gëschterowend wor et dann ëmgedréint.

Am Géigesaz zum leschten ëffentleche Buergbrennen, bei dem d’schlecht Wieder dominéiert huet, wor et gëschter dréchen mee een äisege Wand huet geblosen. Wéi d’Buerg gebrannt huet, wor et kuerzzäiteg méi “gemittlech”. Et bleift ze hoffen, datt een an Zukunft weiderhin zesummen d’Buergbrenne verfollege kann: gesond an am Fridden.